no0dle.kicks-ass.org

DENG LIEBLINGSSÄIT! - MÉI DRAN WÉI DRËNNER!


I’M FAMOUS! (on the internet)

Posted in Aktuellen Beschass by federico on the April 9th, 2008

Eng Fro déi ech mer lo säit Joëren stellen: hëllt nët d’Majoritéit vun de Leit déi Blogs bedreiwen, also zouesoen d’Blogger, hieren Blog an och vläit sech selwer ze eescht? Ech kréien ëmmer méi oft d’Gefill, dat de Fakt eng Internetsäit ze hunn automatesch e (falscht) Gefill vun (iwwerdriwwener) Popularitéit mat sech brengt.

Mäin perséinlechen Statement dozou: ech hun meng Internetpräsenz (an déi geet zäitlech gesin schon vill méi laang zreck wéi op de Gebuertsdag vun dësem Blog) ni ze eescht geholl, an ech kann mech och net där ganzer “Revolutiounstheorie” déi an de Blogs sou gär gehyped gëtt uschléissen. Ech kinnt ganz gudd ouni mäi Blog liewen, ech brauch en nët. Ech schreiwen eppes drop wann ech wëll, an wann eng Diskussioun draus entsteet hollen ech dat och eescht, mais ech gesi mech nët als Held dobäi. Ech brauch och keng Blogroll, ech hun keen Feedburner nach e Google Reader Abo. Ech liesen dat wat ech grad wëll. Ech gehéiren kenger Blogosphär un.

Di eng soen se hätten den Drang zum Schreiwen. Okay, mais brauch een dofier e Blog als Haaptmedium? Di aner soen se willten op wichteg Saachen opmierksam maachen. Okay, mais hëlleft et dann nët méi dofier op d’Stroos ze goen? D’Lëscht kinnt sou weider goen.

Ech wëll hei och guernet niéiren, dat verschidde Blogs wierklech eng staark Muecht an de Medien hunn, mais ech fannen et relativ geféierlech, dat jiddfreen deen sech lo Wordpress installéiert sech indirekt am Hannerkapp domat vergläicht an nëmmen well deejéinegen lo e Blog huet, sech fier wichteg hält. Et ass einfach wéi am richtegen Liewen: ween net eppes ganz besonnesches färdeg brengt, ween net hervorragend Leeschtung weist, deen bleift och am Internet nëmmen e klenge Fuerz, och wann en eng flott Domain an coole Design huet. E klenge Flappschäiss am World Wide Web. Just well mer iwweral erreeschbar sinn, si mer net gudd.

An ech mengen ech trieden kengem op de Schlips wann ech behapten dat all mir bekannten Lëtzebuerger Blog och nëmmen e Schissi an deem Ganzen ass. Vläit stenken déi eng méi wéi déi aner, mais dat ännert och nët vill.

Et ginn am Internet vill Blogger déi realistesch sinn, mais ze vill déi ofzehiewen schengen.

An jo, dese Post as mat där néideger Portioun Sarkasmus ze liesen.

12 Responses to 'I’M FAMOUS! (on the internet)'

Subscribe to comments with RSS or TrackBack to 'I’M FAMOUS! (on the internet)'.

  1. Chris said,

    on April 9th, 2008 at 5:47 pm

    Däerf ech mech respektiv eist Gespréich letztens als Inspiratioun heizou fillen?

  2. federico said,

    on April 9th, 2008 at 7:13 pm

    Huet sëcherlech dozou bäigedroen :)

  3. Fireball said,

    on April 9th, 2008 at 7:46 pm

    Hey, natirlech sin ech relevant! Ech kruut 1986 (prenatal!) den Karlsprais an waar 2006 d’Person of the Year am Time Magazine! ;-)

    Wann Leit mech als mech op der Stross erkennen, ass daat flott an ech freen mech doriwer. Sin ech doweinst populär? Ech wees et net. Hun ech doweinst Afloss? Vlaischt manner, wéi ech es gären hätt, mee vlaischt och méi, wéi en mengt?

    Ech fannen déi Froen, déis du opwerfs, interessant, mee menger Meenung no vermeschst du ze vill an doweinst ass et schwéier, op eenzel Saachen anzegoen.

    Zum Thema Blogosphär: Dach, bass du. Du hues en Blog. Daat ass zwar baal genausou aussagekräfteg wéi “Ech hun d’Blutgrupp A”, mee un sech ass den Begreff fir mech einfach nemmen den Ensemble vun all den Blogs. Daats du dech kengem Grupp zougheireg fills, kann ech verstoen, och wanns du fir mech mam Chris eng kleng Clique bilds. :)

    Main Blog gehéiert mettlerweil zu mir wéi en ennert Organ. Et kann en et eventuell rausschneiden, mee et ass durno net méi daat selwescht. (Okay, vlaischt hätt ech dann manner de Bauch oder den Hals wéi, mee un sech sin ech net vill mat esou Saachen geploot.) An jo, den Drang fir ze Schreiwen ass do. Jo, ech kéint daat och irgendwou anescht maachen, mee ech hun bis elo nach keen aaneren Medium fonnt, mat dem Schreiwen esou vill Spaß mescht. Du?

    Jo, et kann en och op d’Stross goen. Daat ass eng Meiglechkeet vun Meenungsäusserung. Et ged allerdengs och den Prinzip vun der Geigenöffentlechkeet an do kennen Blogs een Medium sin. An iert ech mech op d’Stross stellen, informéiren ech leiwer aaner Leit online. An ech fannen och daat Blogs eng gudd Meiglechkeet fir “alternativen/subjektiven Journalismus” bidden, fir Saachen gewuer ze gin, déi ech soss vlaischt net geif gewuer gin. Kloer gin ech och ofsaits vun Blogs eng ganz Réih vun Meiglechkeeten, fir daat ze maachen, mee wann ech sws gären Blogs liesen?

    Ech fannen dain Verglaich mat “Schissi am Web” relativ ofwärtend, virun allem wanns de dann mam stenken kenns.

  4. Chris said,

    on April 9th, 2008 at 8:34 pm

    De Fede an ech si keng Clique, mir si Frënn a waren dat scho virun deem d’Web 2.0 eist Liewe verschass huet. (E klenge Witz.) Ku mol méng schéi Profilfoto op Facebook. ;)

    A wa schon Clique, da muss de den Thorben och dobäi zielen.

  5. Fireball said,

    on April 9th, 2008 at 8:51 pm

    Ech wollt lo virsichteg sin an den net direkt dobai zielen, mee am Fong luch mir daat op der Zong.
    Sin Frenn dann net oft zesummen an enger Clique? ;-)

  6. Chris said,

    on April 9th, 2008 at 9:14 pm

    Clique sinn e Konzept aus den 80er.

    Ech stinn do driwwer. ;)

  7. claud^e said,

    on April 9th, 2008 at 10:17 pm

    Ech kéint ganz gudd ouni mäin Blog, ech konnt et jo och di lescht 19 Joër ouni. ;) En ass mer och net wierklech wichteg, daat mierkt een och waat ech dra schreiwen, an wéi ech et schreiwen. Kloer ass et flott, wann Leit dein Posting kommentéiren an et entsteet eng Diskussioun, mee daat ass nie wierklech mein Ziel.
    Mee verschidden Leit kommen sech hei zu Letzebuerg bessen vill wichteg fier matt hieren Blogs, do ginn ech der Recht. D;Letzebuerger Blogs liesen sws emmer di selwecht handvoll Leit, also kann een net wierklech vun “Afloss” schwätzen. :P

  8. Thierry said,

    on April 11th, 2008 at 12:48 pm

    Dat mat de selwechten Leit hunn ech och emmer geduecht, bis ech mäin zougemaach hunn an an der Stad vu Leit drop ugeschwat gi sinn, respektiv Emailen vu Leit (aus iergendengem Grond virun allem aus Däitschland) krut, déi nach ni kommentéiert haten a vun deenen ech net wousst dass se géinge liesen. Dass ech elo dofir iergendeen Afloss hat bezweifelen ech, mee déi lëtzebuergesch Bloggerszen ass awaer vläit och net sou onbedeitend wéi ee mengt.

    A wat d’Liewen ouni Blog ugeet, ech duercht emmer dat wier schwéier, mee ech hunn lo schon iwwer 2 Wochen näischt méi gepost, an ech liewen trotzdem nach. :)

  9. Fireball said,

    on April 11th, 2008 at 11:45 pm

    Thierry, dat ass jo net emol wouer! Du hues poentielle sadautumn-content op dengem Unisblog gepost an du twitters méi wéi je. Wann daat keng Entzugserscheinungen sin! :-P

  10. Grommel said,

    on April 13th, 2008 at 9:51 am

    A soss hutt dir keng Problemer? ;)

  11. Chris said,

    on April 13th, 2008 at 1:08 pm

    Domadder huet jo iergendwann ee misse kommen. Mat ménger léifste Fro op der Welt. :0

  12. Chris said,

    on April 13th, 2008 at 1:08 pm

    Dat sollt en :) sinn. Fede, verbesser dat.

Leave a Reply