Freeze Luxembourg
Wéi schon de Grommel an de Claude geschriwwen hunn, war haut oder besser gesot gëschter Samsden e Freeze-Flashmob op der Gare hei zu Lëtzebuerg. Wisou ech dat als x’t Persoun nach eng Kéier bloggen? Well ech mech driwwer opreegen dat ech dem Projet dat a Lëtzebuerg ze maachen nët vill Hoffnung geschenkt hun an domat och d’Facebook-Grupp ignoréiert hunn, obwuel ech ze gär matgema hätt oder winstens nogekuckt hätt. Als een deen nawell heinsdo den Zuch hëllt, hätt ech déi Ofwiesslung hei zu dem soss sou hekteschen Treiben op der Gare gär materlieft
Gott sei Dank gëtt et jo YouTube.

on March 16th, 2008 at 3:20 am
Ech hun dat ganzt och ignoreiert. Ech kennen zwar dei eischt NY freeze videoen mee ech hun dat ganzt net richteg gecheckt (an et och net op der letzebuerger seit fonnt). Huet dat ganzt en Message oder ass et just for fun? Ausserdem checken ech net virwat de Joel op der Freeze Lux Säit eng Tonn Google Ads vergruwen huet, sou Sachen hun ech newt sou super gären… mee nujee
on March 16th, 2008 at 11:40 am
Ech waar och net, net nemmen, well ech furchtbaar faul war, mee well fir mech den Spirit vun “Improv Everywhere” futsch waar doduercher daat jiddereen wosst wéini et wou geif passéiren. An un sech ass d’Gare an der Staadt Samsdes um 3 eng ziemlech langweileg Plaatz dofir. Well einfach net vill Leit do sin.
on March 16th, 2008 at 11:07 pm
Ech war an der Facebook Grupp well ech d’Aktioun cool fond hun, mee well ech dauernd Norichten vun dem Gruppenverantwortlechen kritt hun déi naischt mam Event ze din haaten sin ech rem rausgangen ;D
on March 16th, 2008 at 11:18 pm
Charles: dat Ganzt huet eigentlech kee Message, just de “Fun-Faktor” (souwäit ech wees). Mais et ginn jo och vill aner Flashmobs.
Dat mat den Google Ads ass effektiv louche, mais et muss een jo net drop klicken
Fireball: Mais e puer Leit mussen jo wëssen wat leeft, soss kritt een jo och keen zs. Oder mengs de domat, dat jiddreen och schon wosst, dass et e Freeze-Event war, an dass dat nët réit “sur-place” verkennegt gouf? Erstaunt waren jo trotzdem e ganze Koup Leit.
Am Fong fannen ech d’Gare zwar net sou schlecht als Plaatz, och wann et wahrscheinlech nëmmen dowéins als Platz geholl gouff, well di aner Freeze-Events och gréisstendeels a Garen waren … mais wou sollten da méi Leit gewiecht sinn?
benem: dat klengt intresssant …?
on March 17th, 2008 at 10:10 am
wisou ech sou vill google ads drophun ; well ech hoffnung hat domadden evtl en megaphon ze finanzeiren mee bon . as trotzdem aus der eegener taesch bezuelt gin
on March 17th, 2008 at 10:12 am
an ausserdem = “Ech war an der Facebook Grupp well ech d’Aktioun cool fond hun, mee well ech dauernd Norichten vun dem Gruppenverantwortlechen kritt hun déi naischt mam Event ze din haaten sin ech rem rausgangen ;D”
dauernd = 1 ….
on March 17th, 2008 at 7:40 pm
@Ben:
Stemmt, daat haat mech och genervt, an dei Message war och nach voller Tipfehler, genial.
Mee schued, dass dem Steve vun RTL gesoot gouf, dass keen wierklechen Message hannandrun stoung, wou beim Original dach en Message dohannert stoung.. :-/
on March 17th, 2008 at 11:30 pm
Ok merci fir d’Opklärungen… dh Message dohannert oder net?
on March 25th, 2008 at 11:52 am
@ Charles Betz
Dat Ganzt huet een Message an ass eigentlech net nemmen “Just For Fun”. De Message sollt sinn, dass sech an éiser Welt hautdesdaags sech alles esou séier wéiderbeweegt, dass et engem scho baal schwindeleg gett. Dofir soll een symbolescherweis fir 5 Minutten stoe bléiwen an dat ob enger öffentlecher Plaaz, dass esouvill Léit ewéi méiglech et matkréien a realiséieren, ewéi séier alles wéider leeft.
on March 26th, 2008 at 2:17 am
A cool, gefällt mer.. .schued datt fir dei déi schwéier vu begreff sin (ie ech) néirens doriwer eps steet… wann ee schon eng internet seit mecht…
ech hat ufanks geduecht et wier vleicht eps mat klimaerwärmung oder sou… wees ee jo nie
merci tom