Zwou Saachen
Jo heiansdo kommen souguer ech nach heihinn zreck. Zwou kleng Saachen:
1) Wat eng onmoralesch Werbung, mais eng méiglech Erkläerung fier d’Fro “Wéi krut sou en Asi iwwerhaapt de Führerschäin?”. PermisLegal.com, gesinn op Facebook. Egal wat!
2) An den MacBook Pro’s sinn déi schlechtesten DVD-Brenner iwwerhaapt agebaut! Ironëscherweis nennt Apple dës “SuperDrive”. Méi passend wier “PoopDrive”. Falls de also grad amgaang bass z’iwwerleeën e MacBook Pro ze kaafen mat deems de vill mam internen Brenner brennen wëlls, Fanger wech!
Telemarketing
Also lo si mer jo joërelaang verschount ginn vun deem Dreck. An op eemol ass et lassgaang. Si mir di eenzeg wou et sou ass, oder ass lo effektiv d’Telemarketing-Well zu Lëtzebuerg ukomm? A kann een iergendeppes dogéint maachen?
Soss krute mer nie ugeruff, mais an den läschten dräi Wochen dann direkt véier Mol bestëmmt …
Clipstar 2008
‘T ass quasi e Befeel. A kéint souguer praktësch zu engem Bloggertreff ginn, well et sinn der schon eng Rëtsch confirméiert. ‘Nuff said.
Nostalgie
Dat waren nach Zäiten! Ech wees nach wéi ech mech als Kand wierklech stonnelaang mam Paint ameséiert hunn, an déi Saachen da schwaarz-wäiss rausgedreckt hunn an stolz op mech war! ![]()
Indiana Jones
Dee war ech elo grad kucken, um 0.00, weltwäit Première also. Mol dovunn ofgesinn, dass et e bëssen lächerlech ausgesinn huet dat den RTL do war fier ze filmen well de Sall mol knapps zur Halschent gefëllt war an och soss alles ganz roueg ofgelaf ass, war et awer gudden Entertainment. Ganz an der Rei.
Mais eigentlëch wëll ech op eppes anres agoën. An zwar dat et sauméisseg genervt huet, dass andauernd Personal vum Utopolis während dem ganze Film d’Trape rop a rofgelaf ass fier och jo opzepassen dass keen de Film offilmt. Gerechtfertegt oder nët: et stéiert! Wann ech e Film kucken, a besonnëg am Kino wou ech dofier bezuelen, erwaarden ech op d’mannst vum “Bedreiwer” vum Kino kee Gestéiers. Am Ufank hunn ech geduecht ech wier kriddeleg, well ech op sou “Detailer” empfindlech reagéieren, mais déi déi mat mir de Film kucke waren hunn awer dono dat selwecht gesot.
Ech si mer bewosst dass Utopolis sëch wahrscheinlech duech iergendwelch Knebelverträg dozou huet missen verpflichten an eigentlech näischt dofier kann, mais meckren dierf ech dofier trotzdem! Et ass einfach onangenehm ze wëssen, dat een beobacht gëtt, nach dozou well een jo als potenziell Verdächtegen gëlt. An dat obwuel een schéi brav bezuelt huet an näischt béises am Sënn huet.
Mais wann ech dat hei lo soen braucht der de Film souwéisou nëmméi ze gesinn: den Dumbledore stierft op Säit 524! Ha!
Lëtzebuerger Spam #5
Kurz und knapp: ech krut keng Entfert méi vun der P&T, ech wees nët ob se elo eppes ënnerholl hunn oder nët. An domat war et dat trotz allem fier mech. Ech hun riichteraus gesot einfach keng Loscht méi der Saach nach weider nozelafen … wat nët heescht dat ech bei der nächster Kéier näischt méi ënnerhollen wann een Intebinni mengt e misst mer säi Diskoteam fierstellen.
Domat sidder dann all gewarnt! ![]()
Lëtzebuerger Spam #4
Et schengt wuel awer e Liicht um Enn vum Tunnel ze ginn.
Haut de moien war ech da meng Mailen kucken, an dës Kéier krut ech vun säitens der Adress contact.telecom(at)pt.lu eng Entfert. Dat huet zimmlech laang gedauert, well ech meng Reklamatioun jo vierun ewell enger ganzer Woch dohinner gescheckt hunn, mais ëmmerhin war d’Entfert ganz kompetent. Hei en Auszuch:
Dir hudd vollkommen Recht, mir dulden keen Spam vun eisen Clienten. Leider ass
et net emmer sou einfach dat ze erkennen an ze vermeiden, dofir ass Feedback
vun Betraffenen ganz praktesch.Et gin 2 Méiglechkeeten fir ären Fall:
- dir schéckt eis d’Detailer vum Spammail (den Header ass dat allerwichtegst),
an eventuell nach den Dialog mam Absender. Mir trieden dann un den erun a gin
en souguer eventuell blockéiren. Dir kennt dat als reply heirop man.
- dir mat eng offiziell Beschwerde bei der Inspectioun vun der P&T, mat denen
selwechten Dokumenter. Et kennt op dat selwecht eraus, d’ass just méi eng
schwéier Prozedur.
Woohoo! Ech hun schon zreckgemailt mat allem drum und dran. Lo sinn ech richteg gespaant. Falls dat lo wierklech gudd sollt klappen, da giff ech dat der P&T natierlech ganz gudd heeschen. Soubal et eng nei Entwecklung an der Saach gëtt wäert et natierlech rëm hei stoen.
Lëtzebuerger Spam #3
Wann dat esou weider geet, kann ech geschwënn en extra Blog nëmmen fier dee Sujet opmaachen.
Well d’Längt vun de Bäitreeg soulues zimmlech grouss gëtt, klickt w.e.g. op “More” fier alles ze liesen.
Lëtzebuerger Spam #2
Uhhh … dat gefällt mer lo awer guer nët! Vum Sigma7-Spammer krut ech ganz frësch elo eng proletenhaft Kettenmail gescheckt, an där sech iwwert de Bensinspräis opgereegt gëtt an zum Streik vun enger bestëmmtener Tankstellen-Chaine opgeruff gëtt.
Dat … gëtt … Krich.

